PorCliärref Saint - Ben0ît
Rom
Ech gleewen u Jesus-Christus, operstane vum Dout. Virun Joren stoung an deeër franséischer Zäitschrëft “Panorama” een Interview mam Geeschtlechen a Schrëftsteller J.–Fr. Six, wou him déi Fro gestallt gouf: “Fir iech, wat ass dat, d’<Operstéiung>” ? De J.-F.Six huet net op déi Fro geäntwert; si war him ze vill abstrakt. Mee hien stellt sech eng aner Fro an d’Plaz an zwar déi hei: “Wien ass deen Operstanenen Christus”? Déi Fro ass méi konkret, an si ass perséinlech! Als Chrëschten si mir kéng Unhänger a kéng Vertrieder vun enger Doktrin oder enger Ideologie, mee mir si begeeschtert Mënschen vun enger Persoun, déi den Usproch erhuewen huet an engem ganz enken Verhältnis (ee Verhältnis vu Papp a Jong) mam Härgott ze stoen. Un dësem Usproch konnt een zweiwelen. An déi Zweiwel sinn am gréissten op Karfreideg. D’Kräiz war dee beschten Beweis datt dëse Jesus net “Sohn Gottes” ka sinn! Awer dunn um 3. Dag gesi mer dat Kräiz an engem ganz anere Liicht. Ouschteren déi historesch Tatsaach datt Christus operstanen ass an datt hien lieft an datt hien den Dout iwwerwonnen huet Ouschteren ass een Zeechen datt säin Usproch “Gottessohn” ze sinn, gerechtfertegt a wouer ass. Et ass een Zeechen datt Gott op senger Säit steet. Dat speziellt Verhältnis tëschent him a sengem Papp, op dat Christus ëmmer erëm higewisen huet, kënnt duerch seng Operstéiung deitlich zum Ausdrock. Alles dat wat de Jesus an deene Joren vu sengem Optrëtt an der Ëffentlechkeet gewierkt huet, gëtt hei vun uewen erof approuvéiert. Awer esou wuel deemols, wéi och nach haut, ass den Ouschterglawen alles ewéi kéng Selbstverständlechkeet. Deemools, wéi den Apostel Paulus zu Athen virun de Griichen iwwert d’Operstehung gepriedegt huet, do hunn se gelauschtert. E puer hunn sech him ugeschloss, anerer hunn hien ausgelaacht mat der Bemierkung : “Doriwwer kanns du eis eng aner Kéier eppes erzielen”. An haut?! De Mënsch vun haut hätt gären Tatsaachen, Fakten déi bewise sinn. Mir hunn d’Aussoen vun der Hl.Schrëft. Mir beruffen eis op Zeien, op d’Zeechnis vun den Apostelen. Mir kënnen eis op d’Wierder vun den Emmausjünger verloossen. A mir kënnen eis op onzählig Mënschen beruffen déi haut duerch hiert Liewen Iwerzeegungsaarbecht leeschten. De russeschen Theolog Olivier Clement seet “Wat mech interesséiert, dat ass net nëmmen wat virun 2000 Joer geschitt ass, mee och nach wat haut passéiert. An eisem eegene Liewen kënnen mir d’Operstéiung erfueren!” D’Operstéiung soll kéng bëlleg Vertréischtung op ee bessert “Jenseits” sinn, mee elo schonn soll et domat ufänken. Bei Gott gëtt et kéng Trennung Liewen/Dout; bei Gott gëtt et nëmmen Éiwegkeet! Iech all e frout a geseent Ouschterfest! Eer Paschtéier Jos Roemen Jempy Schuller N.B.: Eng nei Gottesdingschtuërdnung kënnt eréischt eraus wann et erem erlaabt gët Mass mat physischer Präsenz vun iech ze feieren.